zurück zur Startseite
Pendlernetz

Durch die Verwendung eines Internet Explorer Browsers könnte die Webseite nicht richtig funktionieren.

Benotzungsbedéngungen [LB]

Benotzungsbedéngungen

Lescht Aktualiséierung: Mee 2022

Dës Benotzungsbedéngunge gëlle fir d’Benotzung vun twogo "twogo" ass eng mobil, Cloud-baséiert Software-Solutioun, déi bereetgestallt gëtt vun der Firma Schwarz Mobility Solutions GmbH, Stiftsbergstraße 1, 74172 Neckarsulm, Däitschland, agedroen am Handelsregëster vu Stuttgart ënner der Nummer HRB 751331 (den "Ubidder", "mir"), déi speziell fir d’Besoine vu Beruffspendler, wéi och fir Geschäfts- an Déngschtreesen entwéckelt gouf an déi zesumme mat allen associéierte Servicer vum Ubidder ("twogo Servicer") op Basis vun enger Software als Servicemodell ("SaaS") op www.twogo.com an/oder a Form vun enger mobiller App entspriechend de follgende Bedéngungen zur Verfügung steet.  D’Benotzungsbedéngunge sinn ënnerdeelt an Deel A. "Allgemeng Bestëmmungen" an Deel B. "Spezifesch Bestëmmungen".  Den Deel A. gëllt fir all d’Utilisateure vun den twogo-Servicer; Den Deel B. gëllt zousätzlech fir Employéen oder selbststänneg Entrepreneure vun eise Business-Clienten, déi vun eise Business-Clienten Zougang zu den twogo-Servicer kréie fir dës an hire jeeweilegen Entreprisen ze benotzen ("Autoriséiert Utilisateuren").  Dës Benotzungsbedéngunge gëllen och wann den Zougrëff op d’twogo-Servicer vun ausserhalb vun der Bundesrepublik Däitschland erfollegt oder den Zougrëff op d’twogo-Servicer ganz oder deelweis duerch aner Websäiten oder Software-Applikatioune fir mobil Apparater ("mobil Appen") erméiglecht gëtt.

A. Allgemeng Bestëmmungen

1 Funktiounsweis vun den twogo-Servicer

twogo ass e Ridesharing-Service, deen Iech hëlleft, Fuergemeinschafte fir Ären Trajet op Är Aarbechtsplaz oder fir Geschäftsreesen an Déngschtreesen z’organiséieren.  Weider ausféierlech an detailléiert Informatiounen iwwer den twogo-Service fannt Dir hei.

2 Ännerungsvirbehalt fir d’Benotzungsbedéngungen

Den Ubidder kann dës Benotzungsbedéngunge jidderzäit aus raisonabele Grënn änneren.  Raisonabel Grënn kënnen, ënnert aneren, dra bestoen, déi bestoend Funktiounen oder Funktionalitéite vun der App ze verbesseren oder nei Funktiounen oder Funktionalitéite bäizefügen, déi neist wëssenschaftlech oder technesch Entwécklungen ze berécksichtegen, adequat technesch Ännerunge virzehuelen, fir d’Funktionalitéit oder d’Sécherheet vun den twogo-Servicer ze garantéieren oder fir gesetzlech oder reglementär Fuerderungen ëmzesetzen.  Den Ubidder informéiert Iech op eng den Ëmstänn ugepassten Aart a Weis (z.B. iwwer E-Mail) am Viraus iwwer eventuell Vertragsännerungen.  Dës Matdeelung enthält Informatiounen iwwer déi proposéiert Ännerungen an Äert Recht, dëse Vertragsännerungen ze widderspriechen, souwéi och d’Adress, un déi Dir Är Matdeelung an dësem Sënn schécke kënnt.  Wann Dir net bannent 30 Deeg widderspriecht, gëllen d’Ännerungen als akzeptéiert.  All fréier Versioune vun de Benotzungsbedéngunge verléiere mat Akraafttriede vun der Vertragsännerung hir Gültegkeet. Wann Dir den Ännerunge fristgerecht widderspriecht an et dem Ubidder net zouzemudden ass, d’Lizenz zu de bestoende Bedéngungen oprechtzeerhalen, kann den Ubidder Är Lizenz ouni Ukënnegung kënnegen.

3 Umeldung

3.1 D’Benotzung vun den twogo-Servicer setzt eng erfollegräich Umeldung an d’Fräischalte vun Ärem Benotzerprofil viraus.

3.2 Dir kënnt Iech nëmmen umellen, wann Dir am volle Besëtz vun Ärer Geschäftsfäegkeet sidd. Mannerjäreger dierfen sech net umellen.  Dir dierft Iech nëmmen eemol umellen an et dierf just een eenzege Benotzerprofil ugeluecht ginn. De Benotzerprofil dierf net op Drëttpersounen iwwerdroe ginn.

3.3 Bei der Umeldung sidd Dir verflicht, all déi néideg Angaben der Wourecht entspriechend a vollstänneg unzeginn. Ännerunge vun deene bei der Umeldung gemaachten Angabe musst Dir eis ouni onnéidegen Delai an ouni Opfuerderung matdeelen bzw. d’Angabe mussen entspriechend Ären tatsächlechen Ëmstänn geännert ginn. Dir kënnt beim Ariichte vun Ärem Benotzerprofil Äre richtegen Numm oder e Spëtznumm/Pseudonym verwenden.

3.4 Mir behalen eis d’Fräischaltung vun Ärem Benotzerprofil vir, bis mir d’Iwwerpréiwe vun den Umeldungskritären ofgeschloss hunn. Deemno entsteet keen Usproch op d’Bereetstellung vun enger Lizenz.

4 Benotzung vun de Servicer

4.1 Esoubal mir Äre Benotzerprofil aktivéiert hunn, dierft Dir d’twogo-Servicer fir déi an der Produktiwwersiicht duergestallt Zwecker an deem doranner detailléiert beschriwwenen Ëmfang notzen. All aner Benotzung, Verännerung oder Kopéieren, Verbreeden oder soss eng Form vu Benotzung, inklusiv d’Kopéieren oder d’Verbreede vun de Biller, Illustratiounen, dem Design oder de Basis-Computerprogrammer an Datebanken, ass verbueden.

4.2 Dir sidd verflicht, Är Umeldungsdaten geheimzehalen an op enger sécherer Plaz ze versuergen, sou datt Drëttpersounen keen Zougang dozou hunn.  Dir hutt dofir ze suergen, datt Dir e Passwuert benotzt, dat komplizéiert genuch ass an Dir sidd gehalen, Äert Passwuert a reegelméissegen Ofstänn  ze änneren. Wann Dir Iech a Passwuert-geschützt Funktiounen aloggt, musst Dir Iech no jiddwer Benotzung ofmellen. Dir musst eis direkt benoriichtegen, wann Dir Kenntnis dovunner kritt, datt Drëttpersounen op Är Zougangsdaten zougegraff hunn an/oder dës mëssbrauchen.

4.3 Dir haft fir all Aktivitéiten, déi ënner Verwendung vun Ären Zougangsdaten duerchgefouert ginn, inklusiv benotzergeneréiert Inhalter, et sief dann, Dir kënnt noweisen, datt Drëttpersounen op Är Zougangsdaten zougegraff hunn, ouni datt Dir dozou bäigedroen hätt.

4.4 Am Fall vun engem Verstouss géint dës Benotzungsbedéngunge si mir berechtegt:

  • - eng perséinlech Verwarnung auszeschwätzen;
  • - Är Benotzung vun den twogo-Servicer deelweis anzeschränken; an
  • - Ären Zougang zu sämtlechen oder bestëmmten twogo-Servicer provisoresch oder permanent ze spären.

Dat selwecht gëllt wa mir soss ee berechtegten Interêt hunn, fir déi genannt Moossnamen ze ergräifen, notamment fir aner Utilisateure viru Bedruch oder illegalen Aktivitéiten ze schützen.
De Choix an d’Uwenne vun der Moossnam läit am fairen Ermiesse vum Ubidder. Mir wäerten awer Äre berechtegten Interêten an engem raisonabele Mooss Rechnung droen. Bei der Evaluatioun vun de béidsäitegen Interête berücksichtege mir notamment a wéi engem Mooss Iech d’Schold un engem Verstouss zouzerechnen ass.

5 Verhalenskodex

Fir d’Sécherheet an d’Sécherung an déi adäquat Benotzung vum Service, inklusiv seng Funktioune fir alle Bedeelegt sécherzestellen, si bei der Benotzung vun twogo bestëmmt Verhalensreegelen ze beuechten. Follgendes ass ënner kengen Ëmstänn erlaabt:

5.1 Äert Passwuert un Drëttpersoune weiderzeginn oder de Benotzernumm oder d’Passwuert vun enger Drëttpersoun ze benotzen;

5.2 Äre Benotzerprofil/Är Zougangsdaten oder d’twogo-Servicer oder Deeler dovunner ze verkafen, ze verlounen oder als Ënnerlizenz ze verginn;

5.3 Urheberrechtsmentiounen, Markesymboler oder Referenzen op aner geeschteg Eegentumsrechter, déi an den Inhalter oder den twogo-Servicer enthale sinn oder iwwer dës iwwerdroe ginn, ewechzemaachen oder ze veränneren;

5.4 D'Technologien, déi vum Ubidder oder Drëttpersounen zum Schutz vun den Inhalter oder de Servicer agesat ginn, ze ëmgoen, notamment duerch Scraping, Data Mining oder aner automatiséiert Mëttelen, fir op den twogo-Service zouzegräifen;

5.5 d’Integritéit vun den twogo-Servicer oder deenen domat verbonnene Systemer oder Netzwierker oder deenen doran enthalenen Daten ze beanträchtegen oder ze versichen, dës ze beanträchtegen;

5.6 d’twogo-Servicer oder hir Inhalter oder Deeler dovunner ze kopéieren, ze verbreeden, ze reproduzéieren, opzezeechnen oder ze verschécken oder ëffentlech zougänglech ze maachen, an deem Mooss wou esou eng Aktioun net duerch Är Lizenz oder ausdrécklech duerch déi applikabel gesetzlech Bestëmmungen erlaabt ass;

5.7 iergendwellech Forme vu Malware ze späicheren, anzebannen oder ze iwwerdroen;

5.8 Benotzerinhalter ze kreéieren, ze senden oder ze verbreeden, déi d’Jugend gefäerden, diffaméieren, beleidegen, diskriminéieren, menacéieren, belästegen (z.B. a Form vu "Stalking"), obszön oder op eng aner Manéier illegal sinn oder dozou déngen, illegal Handlungen egal wéi enger Art, ënnert anerem, d’Verletze vu geeschtegen Eegentumsrechter oder Urheberperséinlechkeetsrechter an/oder Dateschutzrechter, virzehuelen oder dobäi ze hëllefen, dës virzehuelen.

Bestëmmunge fir d’Benotzung vu Kommunikatiounsméiglechkeeten

Den Ubidder kann Iech verschidde Kommunikatiounsméiglechkeete fir Är eegen Inhalter a Bäiträg zur Verfügung stellen, déi Dir am Kader vun hirer jeeweileger Verfügbarkeet benotze kënnt.

An deem Sënn stellt den Ubidder nëmmen déi technesch Méiglechkeete fir den Austausch vun Informatiounen zur Verfügung.  Et besteet keen Usproch op d’Bereetstelle vun esou Kommunikatiounsméiglechkeeten.

Et ass Iech verbueden, am Kader vun de Kommunikatiounsméiglechkeeten Inhalter (z.B. Biller, Videoen, Linken, Nimm, Texter, Wierder) ze verëffentlechen oder ze verbreeden, déi

  • - Software-Virussen, Malware, Spyware oder aner Coden, Dateien oder Programmer enthalen, déi dozou bestëmmt sinn, d’Funktionalitéit vu Computersoftware, Hardware oder Telekommunikatiounsekipementer ze ënnerbriechen, ze zerstéieren oder anzeschränken;
  • géint applikabel Gesetzer verstoussen oder onmoralesch sinn;

  • Marken, Patenter, Urheberrechter, aner Eegentumsrechter, Geschäftsgeheimnisser oder aner Rechter vun Drëttpersoune verletzen; 

  • illegal, obszön, abusiv oder bedrolech sinn, aschüchteren, belästegen, haasserfëllt, rassistesch oder ethnesch verwerflech sinn oder zu engem illegalen oder op eng aner Weis verwerfleche Verhalen ustëften oder dëst encouragéieren, inklusiv d’Verherrlechung vu Gewaltverbriechen, d’Gefäerden oder d’Ausbeute vu Kanner, oder op eng aner Manéier d’Entwécklung vu Kanner a Jugendleche gefäerden oder beanträchtegen;

  • fälschlecherweis den Androck vermëttelen, vum Ubidder bereetgestallt oder ënnerstëtzt ze ginn;

  • Onwouerechten, falsch Duerstellungen oder Angaben enthalen, déi täuschen; oder

  • perséinlech Date vun Drëttpersounen ouni deenen hir ausdrécklech Zoustëmmung benotzen oder esou Date benotzen oder manipuléieren.

Am Fall vun engem Verstouss géint d’Bestëmmunge vun dëser Klausel 6 gëtt d’Klausel 4.4. applizéiert.

6 Geeschtegt Eegentum, Virbehalt vu Rechter

6.1 Den Ubidder ass a bleift Proprietaire vum Urheberrecht a vun anere geeschtegen Eegentumsrechter un den twogo-Servicer.

6.2 Doduerch, datt den Ubidder d’twogo-Servicer als mobil App fir den Download op mobil Apparater zur Verfügung stellt, ginn déi Servicer weder un Iech verkaf nach iwwerdroen, an alleguerten d’Rechter fir d’Kopéiere vun den twogo-Servicer verbleiwen och no der Installatioun vun der mobiller App op mobillen Apparater beim Ubidder a senge Lizenzgeber.

6.3 D’twogo-Servicer kënnen an Applikatiounen a Servicer vun Drëttubidder ("Drëttubidder-Appen") an a mobillen Apparater integréiert ginn oder mat dësen interagéieren fir d’twogo-Servicer verfügbar ze maachen. Fir dës Drëttubidder-Appen an -apparater kënne separat Geschäftsbedéngungen an Dateschutzgesetzer gëllen, déi d’Benotze vun dësen Drëttubidder-Appen an -apparater reegele kënnen. Den Ubidder garantéiert net d’Kompatibilitéit oder déi kontinuéierlech Kompatibilitéit vun Drëttubidder-Appen an -apparater mat den twogo-Servicer. Den Ubidder huet keen Afloss op d’Gestaltung an den Inhalt vun esou Drëttubidder-Appen an iwwerhëlt aus deem Grond keng Haftung fir d’Verhalen, d’Funktiounen oder d’Aktualitéit, d’Richtegkeet oder d’Vollstännegkeet vun den Inhalter oder d’Qualitéit vun den Drëttubidder-Appen an distanzéiert sech ausdrécklech vun den Inhalter vun den Drëttubidder-Appen.

7 Restriktiounen an Ännerunge vun den twogo-Servicer

Den Ubidder ass net verflicht, Upgraden oder Updates fir d’twogo-Servicer zur Verfügung ze stellen, ausser wann dës fir d’Oprechterhale vun den twogo-Servicer wéi am Kontrakt virgesinn, néideg sinn. Hien ass virun allem net fir d’Sécherstelle vun enger bestëmmter Verfügbarkeet vun den twogo-Servicer verantwortlech an haft Iech géintiwwer nëmme fir frauduléis verstoppte Mängel, woubäi sech d’Haftung fir esou Mängel no de gesetzleche Bestëmmunge riicht.

8 Informatiounsflicht a Fräistellung vun Uspréch vun Drëttpersounen

8.1 Dir sidd verflicht, den Ubidder ouni Delai an an ugemiessenem Ëmfang vu sämtleche geriichtlech oder aussergeriichtlech géint Iech geltend gemaachten Uspréch wéinst enger angeblecher Verletzung vum Urheberrecht oder anere gewerbleche Schutzrechter vun Drëttpersounen duerch Är Benotzung vun de bestallten twogo-Servicer a Kenntnis ze setzen ("Verletzungskloen"). An esou Fäll iwwerhëlt den Ubidder d’Leedung an d’Koordinatioun vu sämtleche geriichtlechen an aussergeriichtlechen Aktivitéiten, fir esou Kloen ofzewieren.  Dir musst dem Ubidder Är raisonabel Ënnerstëtzung ginn, fir esou Verletzungskloen bäizeleeën oder ofzewieren a sämtlech Aktivitéiten ënnerloossen, déi sech negativ op déi rechtlech Verdeedegung auswierke kéinten. Falls den Ubidder déi Rechtsverdeedegung net bannent drësseg Deeg no der Notifikatioun vun der Verletzungsklo iwwerhëlt, kënnt Dir Är eege Rechtsverdeedegung aleeden an den Ubidder ënnerstëtzt Iech an esou engem Fall entspriechend dem Punkt 3.

8.2 Den Ubidder stellt Iech fräi vu sämtleche Schuedensersazverflichtungen, déi opgrond vun engem rechtskräftegen Urteel wéinst Verletzung vun Urheberrechter oder anere Rechter vum geeschtegen Eegentum vun Drëttpersounen als Folleg vun Ärer Benotzung vun den twogo-Servicer operluecht goufen, a stellt Iech och fräi vu raisonabele Rechtsverdeedegungskäschten, et sief dann, den Ubidder ass net responsabel fir de Verstouss.

9 Haftungsbeschränkungen

9.1 Wat benotzergeneréiert Inhalter ugeet, gëtt den Ubidder nëmmen déi vun Iech selwer oder deem jeeweilegen autoriséierte Benotzer bereetgestallten Informatiounen erëm.  D’Richtegkeet oder d’Aktualitéit vun dësen Informatioune gëtt net iwwerpréift. Den Ubidder ass net verantwortlech fir benotzergeneréiert Inhalter. D’Haftung vum Ubidder fir Schied, déi duerch esou Inhalter verursaacht ginn, gëtt ausschliisslech duerch déi follgend Bestëmmunge gereegelt:

9.2 Den Ubidder haft nëmme fir Schied, déi op enger virsätzlecher oder graff noléisseger Verletzung vu Vertragsflichten aus dëse Benotzungsbedéngungen oder dem däitsche Produkthaftungsgesetz berouen.

9.3 Mat Ausnam vun deenen ënner Punkt 9.2 genannte Fäll ass d’Haftung fir liicht Noléissegkeet ausgeschloss.

9.4 Déi am viregte Paragraf genannt Haftungsbeschränkunge gëllen och fir Flichtverletzungen duerch dem Ubidder seng gesetzlech Vertrieder Agenten.  Do wou d’Haftung vum Ubidder opgrond vun deene virdru genannte Reegelungen ausgeschloss ass, gëllt dëst och fir d’perséinlech Haftung vum Ubidder senge Mataarbechter an Agenten.

9.5 Am Fall vun Dateverloschter ass d’Haftung vum Ubidder op de Schued begrenzt, deen an der Hypothees vun enger uerdnungsgeméisser a reegelméisseger Sécherung vun den Daten duerch säin Handelen oder Ënnerloossen entstane wier.

9.6 Den Ubidder haft net fir de Verloscht, d’Verspéidung, d’Verännerung, d’Manipulatioun an/oder dat falscht Weiderleede vun E-Mailen oder aneren elektroneschen Noriichten an/oder Date wärend dem Aginn, dem Erfaassen an/oder dem Iwwermëttele vun Daten, wann dëst duerch aner Datennetzer, inklusiv den Internet, Telefonsnetzwierker an/oder Är eegen oder friem Hardware oder Software, verursaacht ginn.

9.7 De feelerfräien an/oder permanent verfügbaren Zougang an d’Verbindung mam Internet, inklusiv d’Datekommunikatioun iwwer Internet, kann nom jëtzege Stand vun der technescher Entwécklung net garantéiert ginn. Den Ubidder haft dowéinst an dësem Zesummenhang net fir déi permanent an onënnerbrache Verfügbarkeet vun de twogo-Servicer.

10 Akraafttrieden a Kënnegung vun der Lizenz

10.1 Dës Lizenz trëtt a Kraaft mat der erfollegräicher Umeldung an Aktivéierung an endegt mat der Kënnegung duerch Iech oder den Ubidder. Dir selwer oder den Ubidder kënnt dës Lizenz jidderzäit kënnegen.  Fir gülteg ze sinn, muss d’Kënnegung an Textform verfaasst sinn, sou datt z.B. eng Kënnegung per E-Mail, Fax oder als PDF-Datei duergeet.

10.2 D’Recht vu béide Parteien, aus wichtegem Grond ze kënnege bleift onberéiert bestoen. E wichtege Grond fir d’Kënnegung läit fir den Ubidder besonnesch da vir, wann Dir géint d’Bestëmmunge vum Punkt 5 verstousst.

11 Zousätzlech Dispositiounen

11.1 Notifikatiounen: Wann näischt anescht vereinbaart gouf, sinn Absichtserklärungen, Matdeelungen oder Notifikatioune vun Iech nëmmen da gülteg, wann se un déi follgend Adress vum Ubidder geschéckt ginn: info@twogo.com

11.2 Applikabelt Recht: Dës Benotzungsbedéngungen an d’Lizenz tëschent Iech an dem Ubidder ënnerstinn dem Recht vun der Bundesrepublik Däitschland ënner Ausschloss vun der UN-Konventioun iwwer Verträg fir den internationale Wuereverkaf ("CISG").

11.3 Bäileeë vu Rechtssträiter:  D’Europäesch Kommissioun stellt eng Plattform zum Online-Bäileeë vu Rechtssträiter (ODR) bereet, déi Dir ënner  http://www.ec.europa.eu/consumers/odr fannt. Eis E-Mail-Adress fannt Dir am Impressum vun eiser Websäit.  Mir si weder verflicht nach bereet, eis u Verfare fir d’Bäileeë vu Rechtssträiter ze bedeelegen.

B. Speziell Bestëmmunge fir autoriséiert Benotzer

D'speziell Bestëmmungen an dësem Deel B sinn nëmme fir autoriséiert Benotzer zousätzlech oder als Derogatioun zu den allgemenge Bestëmmungen am Deel A applicabel.

1 Benotzung vun de Servicer

Als Derogatioun zu de Bestëmmunge vum Deel A, Punkt 4, gëtt déi follgend Bestëmmung applizéiert:

1.1 Dir kënnt d'twogo-Servicer fir d'Zwecker, déi an der Produktiwwersiicht an an deem Mooss, deen dora méi detailléiert beschriwwen ass, am Zesummenhang mat de Geschäftsoperatioune vun eisem Geschäftsclient oder Ärem Patron/Client, benotzen. Är Benotzung vun de Servicer ënnerläit der Konditioun, dass Är Umeldung erfollegräich ass an Äre Benotzerprofil aktivéiert gëtt an d'Benotzungsperiod ass limitéiert op d'Dauer vum Accord mat eisem Geschäftsclient oder Ärem Patron/Client. All aner Benotzung, Verännerung oder Kopéieren, Verbreeden oder soss eng Form vu Benotzung, inklusiv d’Kopéieren oder d’Verbreede vun de Biller, Illustratiounen, dem Design oder de Basis-Computerprogrammer an Datebanken, ass verbueden.

1.2 All Revendicatiounen (z.B. am Fall vu Serviceausfäll) duerch oder am Zesummenhang mat de Funktiounen, der Disponibilitéit an der Benotzung vun den twogo-Servicer verbleiwen exklusiv bei eisem Geschäftsclient oder Ärem Patron oder Client. Mir behalen eis besonnesch d'Recht vir, Är Lizenz, déi Dir iwwer eise Geschäftsclient kritt, ouni Äert Averständnes ze annuléieren oder ze änneren, zum Beispill well mir d'Recht hunn, Asproch géint eise Geschäftsclient oder Äre Patron/Client anzeleeën.

1.3 Dir haft fir all Aktivitéiten, déi ënner Verwendung vun Ären Zougangsdaten duerchgefouert ginn, inklusiv benotzergeneréiert Inhalter, et sief dann, Dir kënnt noweisen, datt Drëttpersounen op Är Zougangsdaten zougegraff hunn, ouni datt Dir dozou bäigedroen hätt.

1.4 Am Fall vun engem Verstouss géint dës Benotzungsbedéngunge si mir berechtegt:

  • - eng perséinlech Verwarnung auszeschwätzen;
  • - Är Benotzung vun den twogo-Servicer deelweis anzeschränken; an
  • - Ären Zougang zu sämtlechen oder bestëmmten twogo-Servicer provisoresch oder permanent ze spären.

Dat selwecht gëllt wa mir soss ee berechtegten Interêt hunn, fir déi genannt Moossnamen ze ergräifen, notamment fir aner Utilisateure viru Bedruch oder illegalen Aktivitéiten ze schützen.
De Choix an d’Uwenne vun der Moossnam läit am fairen Ermiesse vum Ubidder. Mir wäerten awer Äre berechtegten Interêten an engem raisonabele Mooss Rechnung droen. Bei der Evaluatioun vun de béidsäitegen Interête berücksichtege mir notamment a wéi engem Mooss Iech d’Schold un engem Verstouss zouzerechnen ass.

2 Haftungsbeschränkungen

Als Derogatioun zum Deel A, Punkt 9, ginn déi follgend Bestëmmungen applizéiert:

2.1 Wat benotzergeneréiert Inhalter ugeet, gëtt den Ubidder nëmmen déi vun Iech selwer oder deem jeeweilegen autoriséierte Benotzer bereetgestallten Informatiounen erëm. D’Richtegkeet oder d’Aktualitéit vun dësen Informatioune gëtt net iwwerpréift. Den Ubidder ass net verantwortlech fir benotzergeneréiert Inhalter. D’Haftung vum Ubidder fir Schied, déi duerch esou Inhalter verursaacht ginn, gëtt ausschliisslech duerch déi follgend Bestëmmunge gereegelt:

2.2 Dem Ubidder seng Haftung fir Verloscht oder Schied, déi op enger virsätzlecher oder graff noléisseger Verletzung vu Vertragsflichten aus dëse Benotzungsbedéngunge berouen, a seng Haftung fir den Doud, Kierperverletzung oder Schued fir d'Gesondheet, frauduléis Falschdeklaratioun oder ënnert dem däitsche Produkthaftungsgesetz gi vun den uwennbare gesetzleche Bestëmmunge gereegelt.

2.3 Dem Ubidder seng Haftung fir noléisseg Verletzung vun enger Flicht, déi obligatoresch muss erfëllt gi fir dass d'twogo-Servicer kënne korrekt ugebuede ginn, a vun där en autoriséierte Benotzer normalerweis erwaart an erwaarden dierf, dass se erfëllt gëtt ("Haaptvertragsflichten") ass op den typesche Verloscht oder Schued beschränkt, dee fir SaaS-Kontrakten ze erwaarden ass.

2.4 Mat Ausnam vun deenen ënner Punkt 9.2 a Punkt 9.3 genannte Fäll ass d’Haftung fir liicht Noléissegkeet ausgeschloss.

2.5 Déi uewe genannt Haftungsbeschränkunge gëllen och fir Flichtverletzungen duerch dem Ubidder seng gesetzlech Vertrieder oder Agenten. Do wou d’Haftung vum Ubidder opgrond vun deene virdru genannte Reegelungen ausgeschloss ass, gëllt dëst och fir d’perséinlech Haftung vum Ubidder senge Mataarbechter an Agenten.

2.6 Am Fall vun Dateverloschter ass d’Haftung vum Ubidder op de Schued begrenzt, deen an der Hypothees vun enger uerdnungsgeméisser a reegelméisseger Sécherung vun den Daten duerch säin Handelen oder Ënnerloossen entstane wier.

2.7 Den Ubidder haft net fir de Verloscht, d’Verspéidung, d’Verännerung, d’Manipulatioun an/oder dat falscht Weiderleede vun E-Mailen oder aneren elektroneschen Noriichten an/oder Date wärend dem Aginn, dem Erfaassen an/oder dem Iwwermëttele vun Daten, wann dëst duerch aner Datennetzer, inklusiv den Internet, Telefonsnetzwierker an/oder Är eegen oder friem Hardware oder Software, verursaacht ginn.

2.8 De feelerfräien an/oder permanent verfügbaren Zougang an d’Verbindung mam Internet, inklusiv d’Datekommunikatioun iwwer Internet, kann nom jëtzege Stand vun der technescher Entwécklung net garantéiert ginn. Den Ubidder haft dowéinst an dësem Zesummenhang net fir déi permanent an onënnerbrache Verfügbarkeet vun den twogo-Servicer.

3 Akraafttrieden a Kënnegung vun der Lizenz

Als Derogatioun zu de Bestëmmunge vum Deel A, Punkt 10, gëtt déi follgend Bestëmmung applizéiert:

3.1 Dës Lizenz fänkt mat der erfollegräicher Umeldung an Aktivéierung un an endegt (i) automatesch mam Enn vum Accord mat eisem Geschäftsclient oder Ärem Patron/Client oder (ii) wa se vun Iech oder dem Ubidder gekënnegt gëtt. Dir selwer oder den Ubidder kënnt dës Lizenz jidderzäit kënnegen. Fir gülteg ze sinn, muss d’Kënnegung an Textform verfaasst sinn, sou datt z.B. eng Kënnegung per E-Mail, Fax oder als PDF-Datei duergeet.

3.2 D’Recht vu béide Parteien, aus wichtegem Grond ze kënnege bleift onberéiert bestoen. E wichtege Grond fir d’Kënnegung läit fir den Ubidder besonnesch da vir, wann Dir géint d’Bestëmmunge vum Deel A, Punkt 5 verstousst.

 

Dës Iwwersetzung ass nëmmen zu Informatiounszwecker. Nëmmen déi englesch an déi däitsch Versioun si juristesch verflichtend.